PROGRAMME du POSL                                                           PROGRAMME du POSL

de la Circonscription Est                                                 de la commune de Junglinster

pour les élctions du 7 juin 2009                               pour les élctions du 9 octobre 2005

Chères concitoyennes, chers concitoyens

Léif Matbierger,

De 7. Juni wiele mir eis Deputéierten an entscheeden domat vu weem a wéi d’Geschécker vun eisem Land déi nächst fënnef Joer geleet ginn.

Op eist Land an op eis alleguer komme grouss wirtschaftlech a sozial Erausfuerderungen duer, déi mer nëmme gemeinsam a mat der Bereetschaft zur Erneierung kënne meeschteren. D’Politik ass hei wéi scho laang net méi gefuerdert.

Mir Sozialiste gleewe fest un d‘Zukunftschance vu Lëtzebuerg, well mir Vertrauen hunn an d‘Schaffenskraaft, awer och an de solidaresche Geescht vun alle Bierger an eisem Land.

Mir si bereet, och a méi schwéieren Zäiten Verantwortung ze iwwerhuelen. Net simplistesch Léisongen, politeschen Opportunismus oder Demagogie kënnen ons weiderbréngen. Et heescht elo net alles op déi laang Bänk ze schieben, mee mir brauchen de feste Wëllen et zesummen unzepaken.

Sozialgerechtegkeet, Chancëgläichheet, Solidaritéit, Ofsëcherung vun de soziale Rechter sou wéi d’Fräiheet a Verantwortung vu jidderengem Eenzelen mussen d’Politik vun deene kommende Jore prägen.

D’Kandidaten an d’Kandidatinne vun der LSAP huele virun alle Bierger de feierlechen Engagement des Wäerter a praktesch Politik am Déngscht vun alle Bierger ëmzesetzen.

Dat trëfft och fi r ons Regioun zou. Onse Programm fir den Osten huet kloer Prioritéiten. Den Osten huet e grousst Zukunftspotential, dat iwwert déi nächste Jore besser valoriséiert muss ginn.

Déi nei sozialistesch Equipe wëll, datt den Osten, wat déi sozial, schoulesch, medizinesch a kulturell Arichtungen, Infrastrukturen oder Déngschtleeschtongen ubelaangt, net dierf, par rapport zu deenen aneren Deeler vun eisem Land, défavoriséiert sinn.

Mir sinn eis bewosst, dass de Bierger Sécherheet op alle Pläng verlaangt. Dat gëllt och fi r d‘Verkéierssécherheet. Hei sinn an deene läschte Jore grouss Fortschrëtter gemaach ginn. All déidlechen Accident oder Schwéierverletzte manner - an hir Zuel ass glécklecherweis drastesch zréck gaang - erspuert eise Familljen, a besonnesch de jonke Leit, vill Leed an Trauer.

Mee Sécherheet muss am Respekt vum Bierger organiséiert ginn. Präventioun muss viru Répressioun kommen. Proportionalitéit vun de Kontrollen ass noutwendeg. Mir vertrauen dobäi och op d’Responsabilitéit an d’Edukatioun vun de Bierger. D‘Politik muss hei awierken, fi r datt de Bierger net d’Gefi ll kritt, datt de Stat a seng Agenten drop aus sinn, hien ze bestrofen. Dat ass och e wichtegt Stéck vun eiser Demokratie a Biergergesellschaft.

Déi nei sozialistesch Equipe, déi ech uféieren, sicht während dëser Campagne de Kontakt mat Iech. Mir wëllen Iech ons Iddien präsentéieren a virun allem Iech nolauschteren, elo, mee och no de Walen.

Ons schéi Regioun brauch eng nei politesch Dynamik. Mat Iech zesumme paken mir et un. Dofir froen ech Iech, mir a menger Equipe de 7. Juni Ärt Vertrauen ze ginn.

 

Nicolas SCHMIT

                                                          page 1                                                page 2